
Mir botzen a flécken är Réier, propper a séier.
Iwwersiicht vun eise Servicer fir Privatleit – Gemengen – Commerce an Industrie
• Botze vu Réier a Kanäl vun DN20 bis DN500
Botze vu Reewaasserréier, Stëpp an Oflagerungen léisen, all Spullaarbechten mat mobile Maschinnen och an Héichhäiser oder Residenzen
• Fräsaarbechte mat Waasserhéichdrock a modernen elektropneumateschen Héichleeschtungsfräsen
Ewechmaache vu Fett, Kallek, Rascht, Oflagerungen, Wuerzelen, Beton asw...
• Botze vu grousse Surfacë mat Waasserhéichdrock
Reewaassersammelbecken, grouss Park-, Sport-, Haus- oder Haffflächen
• Kamerainspektioun vun DN20 bis DN 200
De Leitungsverlaaf definéieren an de Schued genee lokaliséieren, Videoiwwerwaachung bei Fräs- oder Sanéierungsaarbechten
• Sanéierung vun de Kanäl mat modernsten Techniken a Material déi eng DIBt Zertifizéierung hunn
Mir sanéiere Reewaasserréier an engem Dag ouni Gruewaarbechten.
Keen Agrëff an d’ Bausubstanz, kee Stëbs a keng Stéierung an ärem normalen Aarbechtsoflaf.
Eng ekonomesch Sanéierung déi genee op de Schued ofgestëmmt ass, an dobäi och nach laang hält.
• Eliminatioun vu Graffitien
Materialschounend an ekonemesch mat Waasserhéichdrock, ouni Chemikalien oder Sand - vun allen Uewerflächen a besonnesch och vun Natursteng
Mat eiser neier Héichdrockspullmaschinn, equipéiert mat EU Stage V Motor, schaffe mir praktesch ouni Schuedstoffemissiounen.
Fir all aneren individuelle Wonsch, kënnt dir eis gäre kontaktéieren.
